Fun Training mam Tristan an der Chrëschtvakanz (ganz lénks). Hien ass ab Januar 2020 haaptverantwortlechen Trainer an eisem Veräin a gläichzäiteg vun den U11, U13 an U15 an der Federatioun.

Trainingsprogramm ab Januar 2020

Kontakt

Saison 2019/20 Badminton Regioun Mëllerdall

Kontaktadress: badmellerdall@gmail.com oder den Telefon: 691 821592 (Luc Schmidt)

Comitésmember: Nicole Bintener (Chrëschtnech), Myriam Reuter (Noumer), Sandra Steimetz (Bäertref), Jean-Paul Speidel (Haler), Pit Beckené (Waldbëlleg), Luc Schmidt (Waldbëlleg), 

Flott wier, wann all Gemeng mindestens ee Vertrieder am Comité hätt. Mee et däerfen der gäre méi sinn, och weider Leit aus der Waldbëlleger Gemeng, well et ginn eng Rei interessant Projeten, déi an de nächste Méint a Joren sollen ëmgesat ginn. Wann s de interesséiert bass, da mell dech!

D'Shana, d'Kim, de Yann an de Jérôme aus dem Nationalkader mat e puer vun de Kanner während dem "Wëllkomm Owend".

Doubel Shana Pauquet/Kim Schmidt - Yann Zaccaria/Jérôme

Eenzel: Shana Pauquet - Kim Schmidt

Eise neie Verâin huet an sengem 1. Joer sëlwer kritt!!

d'Präisiwwerreechung an der Coque

14 Nowuesspiller vu Beefort mat hirem Trainer

an 11 Jonker vum Birkelt.

a 14 Kanner vu Bäertref.

Tageblatt Artikel vum 4. September 2019
online: http://www.tageblatt.lu/headlines/badminton-regioun-mellerdall-zusammenschluss-von-neun-gemeinden/?fbclid=IwAR1L1wZ-sa9LCi3-sEQ9GMWGJo1AZzpeZkkz5hGroy6PMh8juPrNvcPv6f8

Top aktuell

29. Mai, 2020

3. Badminton Owend mat Buvette

Haalt iech deen Owend fräi fir op Waldbëlleg spillen ze kommen!

2. Mai, 2020

Masters 6

De leschte Masters vun der Saison gëtt bei eis am Mëllerdall gespillt.

20. Févr., 2020

Schnupper Stage zu Konsdref

Ab hallwer 2 ass Training fir all Konsdrefer Kanner an ab 4 Auer ebenfalls fir d'Senioren aus der Gemeng. Respektiv kënnen d'Elteren nach e bësschen matspillen.

14. Févr., 2020

2. Badminton Owend mat Buvette

Reservéiert iech dësen Dag ebenfalls!

3. Janv., 2020

Fun Training mam Tristan Bache

29 Leit sinn op den 1. Training mam Tristan komm.

6. Déc., 2019

Chrëschtmaart am Mëllerdall

De Badminton Regioun Mëllerdall hat ee Stand wou Kniddelen a Gedrénks verkaf gouf. Trotz deelweis reenergem Wierder hu vill Leit sech et bei eis schmaache gelooss.

15. Nov., 2019

Wëllkomm Owend

No Loscht a Laun konnt Badminton gespillt ginn. Ab 20:30 Auer gouf et eng Spaghetti fir alleguer. Jonk Nationalspiller hunn e puer Demonstratiounsmatcher gemaach.

22. Sept., 2019

Grand-Prix a Masters

Den 1. Grand-Prix vun der Saison gouf vun eisem Veräin organiséiert. Mëtt 75 Kanner hunn deelgeholl.

16. Sept., 2019

Trainingsufank

D'Woch vun der Rentrée war och d'Woch vum Trainingsoptakt an de 9 Gemengen.

21. Juil., 2019

De Schiessentümpel feiert Gebuertsdag

Den 21 Juli 2019 huet eis Gemeng zesummen mat der Konsdrefer Gemeng den 140 jährege Gebuertsdag vum Schiessentümpel organiséiert. Merci fir d'Hëllefen!

6. Juil., 2019

Grënnungsversammlung

De neie Veräin "Badminton Regioun Mëllerdall" gouf de 6. Juli gegrënnt. Vu 5 bis 7 war Porte ouverte fir d'Kanner an ab hallwer 8 en Tournéier fir Jugendlech a Senioren.

2. Juil., 2019

2019 European Club Championship zu Jonglënster

Dëst Evenement gouf di 1. Kéier zu Lëtzebuerg organiséiert.

28. Juin, 2019

Generalversammlung um 21:00 Auer

D'Statuten vum neie Veräin sinn uschléissend an enger extraordinärer Generalversammlung approuvéiert ginn.

15. Juin, 2019

Regionalen Kadertraining

Di bescht jonk Lëtzebuerger Talenter sinn eng zweete Kéier op Waldbëlleg trainéieren komm. Mat hinnen de Lennart Engler, europäeschen Top-Trainer aus Dänemark an eng 16 Lëtzebuerger Trainer déi weiderforméiert ginn. 5 Waldbëllerger Kanner hu matgemaach.

2. Juin, 2019

Millefest am Mëllerdall

Merci all deenen, déi gehollef hunn!!!

Tariffer fir d'Saison 2019/20

  • Mini-Bad (bis 8 Joer): 50 €
  • KannerBad: 70 €
  • SeniorBad: 120 €, Studenten: 90 €
  • HobbyBad: 75 €
  • FitBad: 50 €
  • FamilyBad: 50 €

CCPL: LU02 1111 7016 3736 0000

(Den Trésorier schéckt iech d'Rechnung.)

D'Sponsoren vum "Badminton Regioun Mëllerdall"

Wichteg Informatioun

Opruff: Eise Veräin huet nach keen Arbitter! Falls deen Job dech interesséiert, da mell dech an du kriss weider Informatiounen!

15.6.: De Lennart Engler, europäeschen Spëtzentrainer, huet net nëmmen eisem fréieren Feluba President gewisen, wéi Badminton gespillt gëtt, mee villen aneren Lëtzebuerger Trainer , ville jonke Kaderspiller a 5 Waldbëlleger Nowuessspiller. Fotoen sinn op enger extra Säit "Lennart Engler" ze fannen.