Comité vum 16.05.2020

per Videokonferenz

present : Nicole Bintener, Myriam Simonis, Pit Beckené, Jean-Paul Speidel, Luc Schmidt

entschëllegt : /

1.  De Point no der (verkiirzten) Saison 2019/20

D’Saison 2019/20 schéngt gelaf ze sinn. Et ass Stand elo kee Veräinstraining méi méiglech virun der Summervakanz. Wéi et am September virugeet ass schwéier virauszegesinn.

Wéinst dëser spezieller Situatioun wäerte mer eise Member eng Reduktioun op der Memberskaart 2020/21 ubidden. Si soll da just 2/3 vum aktuelle Präis kaschten. Dat betrëfft net nei zukünfteg Member.

A wéi enger Divisioun eis 1. Ekipp di nächst Saison spillt, steet nach an de Stären. Mat der 3. Plaz an der 3. Divisioun steet se identesch do wéi Kayl als Drëttleschten an der 2. Divisioun. Do wier e Barragematch virgesinn.

a) ageschriwwe Leit:        107

GEMENG

UNZUEL

 

Ärenzdall

6

 

Bäertref

13

 

Beefort

17

 

Fëschbech

6

 

Fiels

8

 

Hiefenech

3

 

Konsdref

9

 

Noumer

5

 

Waldbëlleg

29

 

aner

11

 

Total

107

 

Insgesamt sinn 58 Kanner ënner 15 Joer ageschriwwen.

25 Leit kommen op den Hobbytraining respektiv an de FitBad.

Eng Handvoll Spiller hunn hir Kotisatioun nach net bezuelt.

b) Member Comité:         4

De Pit hält, wéi schonn zënter Méint ugekënnegt am Comité op. Hien war schonn Grënnungsmember beim Virgängerveräin, dem Badminton Waldbëlleg, Enn 2012.

Am Comité sinn déi Chargen verdeelt, bei deenen gewëssen badmintonspezifesch Kenntnisser noutwenneg sinn. Gesicht gi nach Leit, déi an enger oder zwou Gemengen Kontakter huelen an de Manifestatiounskalenner am A behalen. Mir wëllen iwwerall och e bësschen um “Gemengeliewen“ deelhuelen. An en Tresorier.

De Comité gesäit folgendermoossen aus:

President:                                                                                      Luc Schmidt

Sekretär, Schwéierpunkt Member a sozial Medien:          Jean-Paul Speidel

Sekretär, Schwéierpunkt Lizenzen:                                        Nicole Bintener

Sekretär, Schwéierpunkt Federatioun:                                 Luc Schmidt

Sekretär, Schwéierpunkt Koordinator Gemengen:            …

Member, Ekipp “Gemengen“                                                  Myriam Simonis, …  

Tresorier:                                                                                      …

c) Finanzen

Den Detail gëtt op der Generalversammlung presentéiert. Ausgaben an Einnamen halen sech plus minus d’Wo.

d) Trainingen 2019/20   

Méindeg

Konsdref

 

 

Donneschdeg

Birkelt

 

 

20:00 – 22:00

SeniorBad

 

 

17:30 – 18:50

KannerBad

 

Birkelt

 

 

 

19:00 – 20:00

FitBad

 

20:00 – 22:00

HobbyBad

 

 

 

 

 

 

 

 

Freideg

Waldbëlleg

 

Dënschdeg

Waldbëlleg

 

 

 

18:00 – 19:00

KannerBad

 

17:00 – 18:00

MiniBad

 

 

19:00 – 21:00

FamilyBad

 

18:00 – 19:00

KannerBad

 

 

 

 

 

19:00 – 21:00

SeniorBad

 

Samschdeg

Waldbëlleg

 

 

18:00 – 21:00

HobbyBad

 

 

09:30 – 10:30

MiniBad

 

 

 

 

 

10:30 – 11:30

KannerBad

Mëttwoch

Beefort

 

 

 

10:00 – 11:00

FitBad

 

17:00 – 18:00

MiniBad

 

 

10:00 – 12:00

HobbyBad

 

18:00 – 19:00

KannerBad

 

 

 

 

 

 

 

 

Sonndeg

Beefort

 

Donneschdeg

Bäertref

 

 

 

10:00 – 12:00

HobbyBad

 

14:00 – 15:30

KannerBad

 

 

 

 

 

Konsdref

 

 

 

 

 

 

17:00 – 18:30

KannerBad

 

 

 

 

 

2.  Ausbléck Saison 2020/21

 

a) Trainingen

Saison 20/21

Stonnen

Terraien

Ärenzdallgemeng

Mo ?

3 ?

9

Waldbëlleg

Di 17:00 – 21:00

4

9

Beefort

Mi 17:00 – 19:00, So 10:00 – 12:00

2 + 2

6

Bäertref

Do 14:00 – 15:30

1 ½

3

Konsdref

Do 17:00 – 18:30

1 ½

4

Birkelt

Mo ?, Do 19:15 – 20:15

1 ½ ? + 1

4

Waldbëlleg

Fr 18:00 – 21:00

3

9

Waldbëlleg

Sa 10:00 – 12:00

2 ?

9

Hiefenech

?

/ ?

?

Total

 

15 ½+ 5

35

                                            mat Trainer                                                                   bezuelte Stonnen

                                                                                                                                     fräit Spill

viraussiichtlech Trainer: 3 (Tristan Bache, …), een Trainer soll däitschsproocheg sinn

viraussiichtlech nei Spiller: Tristan (Frankräich), Quentin (Déifferdeng)

 

Als éischt huele mer Récksprooch mat der Ärenzdallgemeng, eventuell ass di nei Sportshal wéinst dem Baustopp am September net fäerdeg. Idealerweis kréie mer méindes de ganzen Owend déi Hal, an där 9 Terrainen agezeechent ginn. De Freideg wier eng gutt Alternativ.

Duerno huele mer Kontakt mat Konsdref an Hiefenech op a versécheren eis, dass mer d‘Plagen zu Beefort a Bäertref behalen. An da kucke mer, wat mer nach um Birkelt fir Méiglechkeeten hunn, ideal wier, wa mer do méindes géint hallwer 5 ee Kanner/Jugendtraining an der grousser Hal kéinten organiséieren.

b) Finanzen

A wéi fern de neie Veräin d’Ausgaben an d’Einnamen an Zukunft an den Equiliber kritt, ass no där verkierzte Saison net däitlech ze gesinn. Eng Héichrechnung op eng komplett Saison ergëtt, dass et kéint opgoen, et wier awer net vu Muttwëll nach den een oder aneren Sponsor u Land ze zéien.

c) Kalenner

Et ass schwéier bis onméiglech elo schonn ze plangen.

Mir wäerten nees ee Grand-Prix an ee Masters ufroen.

Am Fréijoer soll et di 1. Ausgab vun engem neien Tournoi ginn. Falls d’Situatioun et erlaabt, gëtt am Hierscht en Organisatiounscomité op d’Been gesat. Mat 2 grousse Sportshalen an e puer klengen besteet d’Méiglechkeet, dass am Laf vun der Zäit eppes Grousses entsteet.

3. To do Lëscht

* Generalversammlung vun eisem Veräin

Mir komme wuel kaum laanscht eng Videokonferenz. Och bei iwwer 100 Leit, déi deelhuele géifen, wier dat machbar. Geplangt ass déi Ufank Juli, also relativ spéit, well mer sou laang wéi méiglech wëllen ofwaarden wéi sech d’Situatioun entwéckelt.

* E puer Spiller hate just nom Lock down e Rendezvous am Médico. Fir Ufank September gi nei Terminer ugefrot.

* D’Sponsoren gi kontaktéiert. Mir verlaangen elo keng Iwwerweisung, mee eréischt di nächst Saison.

* Brochür fir di nei Saison maachen an ausdeelen

Dës Brochür gëtt Enn August gedréckt an dann an de 9 Gemengen ausgedeelt.

* Terrainen peschen zu Bäertref

Wéinst Covid 19 ass dat bis elo nach net gemaach. Soubal d’Méiglechkeet besteet, huele mer dat no, spéitstens virun der Reprise vum Training.

* Kotisatiounen Gemengen

Am August/September froe mer no, op di verschidde Gemengen eise Veräin ënnerstëtzen. Bis elo hu Bäertref, Konsdref a Waldbëlleg eng positiv Äntwert ginn.

Comité vum 28.02.2020

present : Nicole, Jean-Paul, Pit, Luc

entschëllegt : Myriam, Sandra

 

1.  Member Badminton Regioun Mëllerdall

Mëttlerweil hunn 107 Leit e Formulaire d’inscription ofginn. Et bleiwe 6 Spiller, déi hir Kotisatioun nach net bezuelt hunn. An e puer Hobbyspiller, déi nach kee Formulaire ausgefëllt hunn fir sech anzeschreiwen.

Um Stage zu Konsdref waren eng gutt Dozent Spiller. Et bleift ofzewaarden, op déi och an Zukunft op den Training do kommen. Weider Stagen si geplangt fir zu Beefort an zu Bäertref.

2.  Lizenzen

Dës Saison wëlle mer d’Lizenz nach net obligatoresch maachen fir eis Member. Dat soll awer fir di nächst änneren, well et eng Rei Virdeeler huet, wann eis Spiller (Kanner a Senioren) lizenzéiert sinn, besonnesch wat d’Assurance betrëfft. En plus ass et keng grouss Affaire, de Spiller fiert an de Médico, fëllt e klenge Formulaire aus a mëscht eng Foto vu sech. Hobbyspiller a kleng Kanner brauche souguer kee Médico.

3 Spiller hunn hire Rendezvous verpasst, si gi schrëftlech kontaktéiert.

3. Samschdeg Training zu Waldbëlleg

Samschdes komme wéineg Kanner op dësen Kannertraining. Den Tristan huet dowéinst virgeschloen, en op en aneren Dag ze verleeën. Vu dass samschdes awer och Muskulatiounstraining ass an eis Hobbyspiller ebenfalls kënne spille kommen, fuere mer (Luc) awer mol weider wéi bis elo a kucken spéider, op mer no der Ouschtervakanz eppes änneren. Di nächst Saison wäert de Spillprogramm eng aner Nues kréien. Zum engen kënnt Miedernach dobäi, zum aneren wësse mer nach net, wéi eng Plagen mer um Birkelt an der grousser Hal ënnen kréien an op mer dann zu Hiefenech och Trainingsméiglechkeeten hunn.

4.  Wichteg Datumer

13/03: Generalversammlung Feluba

17/03: lescht Rendezvousen am Médico, duerno kréien eis nei Spiller hir Lizenz

02/05: Masters 6 zu Waldbëlleg (e groussen Tournoi, wou de Comité Hëllef brauch)

29/05: 3. Badminton Owend mat Buvette zu Waldbëlleg

30/05: Tournoi wou och aner Veräiner invitéiert ginn

13/06: Nuit des Sports an der Fiels, Noumer a Fëschbech (Hal um Birkelt), wou mir matmaachen

5.  Comité

Wéi bekannt sicht de Comité nei Member. Et brauch een sech net am Badminton auszekennen! Mee vu dass mer nach vill interessant Pläng hunn a wéi schon öfters matgedeelt, mer en Abléck an di 9 Gemengen wëlle kréien (iwwerallginn et méi wéi sécher interessant Organisatiounen, wou eise Verâin sech kéint bedeelegen), wier et gutt wa mer zu méi wieren.

nächste Comité: Mëtt Abrëll

Comité vum 17.01.2020

present : Myriam, Nicole, Jean-Paul, Pit, Luc

entschëllegt : Sandra

net méi am Comité : Chris

 

1.  Bréif fir Cotisatiounen

An de nächsten Deeg kréien di 9 Gemengeréit eng “Demande de cotisation“ vun eisem Veräin. Folgend Informatiounen kréien se matgedeelt, déi mer an der Comitésversammlung zesummegestallt hunn:

a) Budget vum Veräin

Am Resumé ka festgehale ginn, dass d’Ausgaben vum Badminton Regioun Mëllerdall bei ronn 40.000 Euro pro Saison wäerte leien. De gréissten Deel dovunner mat ca. 30.000 Euro geet un eis Trainer, mir brauchen 20 Stonne pro Woch. Eng Trainerstonn kascht ongeféier 30 Euro.

Rechnen muss ee pro Saison mat 6.000 Euro Cotisatioun un d‘Federatioun a mat 3.000 Euro fir d’Bäll. Eng Dozen Bäll kascht tëscht 23 a 25 Euro, ee Ball also ongeféier 2 Euro.

Wat d’Einnamen betrëfft, misste ronn 10.000 Euro vun de Cotisatiounen vun eise Member, 7.000 Euro vu Sponsoren, 9.000 Euro vun Organisatiounen (respektiv Bedeelegungen) vu Fester (wéi de Mëllerdaller Chrëschtmaart als Beispill) a vun Turnéier an d’Keess kommen. De Rëscht missten d’Cotisatiounen vun de Gemengen (hoffentlech) decken.

Viraussetzung ass, dass am Comité eng gutt Aarbecht gemaach gëtt an eis Member besonnesch bei der Organisatioun vu Fester, beim Ausdeelen vu Flyer a bei der Sich no Sponsoren eng Hand mat upaken.

b) Member vum Veräin

An de Bréif kommen och eis Memberszuelen. Vill vun eise Spiller si Kanner a Jugendlech, wat e wichtege Critère ass fir e Subside. Mee och am Hobbyberäich si well vill Leit ageschriwwen, wat eng gutt Saach ass, well Badminton als Fräizäitsport vill Virdeeler huet an ëmsou méi Spaass mëscht, wat méi Matspiller an der Hal sinn.

c) Trainingsméiglechkeeten a Qualitéit

Ab der nächster Saison wäerte mer nieft dem Tristan Bache nach en zweeten Trainer brauchen. Den Directeur technique vun der Federatioun weess dat a Kandidaten hu sech och scho gemellt. Den Tristan huet mëttlerweil de Chefposten bei den U11, U13 an U15 kritt. Dat ass fir eis e grousse Virdeel, well mer domadder méi einfach eis motivéiert a begaabt Nowuessspiller an d’Nationalkaderen erakréien. En plus gesäit d’Federatioun och sou lues an, dass e reegelméissegen Kadertraining an eiser Géigend muss installéiert ginn. Warscheinlech scho fir di nächst Saison, an zwar ee Mol pro Woch.

An de Bréif ginn eis Trainingsméiglechkeeten ugehaangen.

 

2.  Stage an der Fuesvakanz zu Konsdref

Zu Konsdref komme wéineg Kanner a keng Erwuessen Badminton spillen, obschonn do gutt Trainingsméiglechkeeten sinn. Méindes owes hu mer d’Hal tëscht 19:00 an 21:00 Auer fir d’Senioren an d’Hobbyen an donneschdes vun 17:00 bis 18:30 Auer fir d’Kanner.

Dowéinst organiséiere mer den 20. Februar, also donneschdes an der nächster Schoulvakanz, e Schnupperstage fir d’Kanner an d’Senioren speziell fir di Konsdrëffer. Dat wäert um 13:30 Auer ugoen a géint 18:30 fäerdeg sinn. Dertëscht ginn et Sandwichen an eppes ze drénken.

Wann een aus dem Veräin och wëll do matmaachen, dann informéiert de Comité (Luc). Flyer ginn nach gemaach an ausgedeelt.

  

3. Hobbyturnéier

Virun der Ouschtervakanz organiséiere mer en Hobbyturnéier, un deem awer och C- an D-Spiller kënne matspillen. Dat gëtt méi wéi sécher en Doubeltournéier no Schwäizer System (Matcher vun 6 oder 8 Minutten) mat eventuell permanent wiesselendem Partner.

 

4. Zukunftspläng

Zum Deel kommen déi och an de Bréif vir d’Gemengeréit. Hei eng Auswiel :

a) grousst internationaalt Turnéier

Am Ufank vun der nächster Saison wäerte mer e Comité op d’Been stellen, deen sech exklusiv heirëm bekëmmert. Den Tournoi soll zum engen gutt national an international Spiller an de Mëllerdall bréngen an awer och manner gutt Spiller ulackelen, eventuell och aus dem Hobbyberäich. Gespillt wäert ginn an de Sportshalen vu Miedernach a Waldbëlleg.

b) Kooperatioun mat Betriber aus dem Mëllerdall, déi Produkter (aus der Géigend) hierstellen a verkafen (produits du terroir)

c) um Gemengeliewen an de 9 Gemengen deelhuelen

An der 1. Saison si mer ausschliisslech an der Gemeng Waldbëlleg aktiv (Millefest, Chrëschtmaart). Dat soll awer ab der nächster Saison anescht ginn. Dowéinst ass et zum engen wichteg, dass de Comité informéiert ass wat an de Gemengen organiséiert gëtt an zum aneren, dass eis Member och mathëllefen wann sou eng Aktivitéit usteet. An dass de Comité selwer weider Member bäikritt.

 

5. Médico

Mir hunn eng Rei Rendezvousen am Médico kritt. An de nächsten Deeg kréien d’Member déi Zäiten matgedeelt. Wann eng Plage net passt, gëtt getosch.

(Denkt drun de Formulaire an eng Foto ze mailen. Merci!)

Comité vum 26/11/2019

Comité vum 26/11/2019

present : Nicole, Myriam, Jean-Paul, Luc, Pit

entschëllegt : Chris 

  1. Chrëschtmaart am Duerf “Müllerthal“

De Chrëschtmaart op der Heringer Millen geet iwwer 3 Deeg.

Eise Veräin, de Badminton Regioun Mëllerdall verkeeft op sengem Stand Kniddelen, Béier a Softdrinks. 3 Leit ginn duer fir dee Service ze garantéieren. 

Freideg, 6. Dezember

 

 

 

15:00 – 17:00 Auer (opriichten)

Jean-Paul

Pit

/

17:00 – 22:00

Myriam

Jean-Paul

Pit

Samschdeg, 7. Dezember

 

 

 

11:00 – 14:15

14:00 – 17:15

17:00 – 20:15

20:00 – 22:30

Luc

Sonndeg, 8. Dezember

 

 

 

10:00 – 13:15

Jacqueline

Luc

13:00 – 16:15

Jacqueline

16:00 – 19:00

Jacqueline

Pit

Jean-Paul

Mir kafen Schosselen a Besteck aus ëmweltfrëndlechem Bio Material. D’Nicole bekëmmert sech em d’Iessen, de Pit em d’Gedrénks. Sollten Miel, Kompott, Speck, Ram asw. fir ronn 300 Portiounen Kniddelen net duer goen, gi mer sonndes moies nach eng Kéier akafen. 

  1. Tristan Bache

De nächste Méindeg, 2. Dezember ënnerschreiwe mer de Pro Club Kontrakt vun der Federatioun iwwer 8 Méint. Den Tristan Bache kënnt och op Stroossen, sou dass d’Zesummenaarbecht mat him scho kann ofgestëmmt ginn. Hien iwwerhëlt d’Trainingen zu Bäertref donneschdes, um Birkelt donneschdes, zu Waldbëlleg dënschdes a samschdes an zu Konsdref méindes. 

  1. Kader Selektioun

Um leschten regionalen Kadertraining, deen an der Waldbëlleger Hal war, goufen d’Charlotte de Fabio an de Karim agelueden. De nächste Schrëtt wier eng Kéier op eng Selectioun ze goen an dann am Fall wou ee geholl gëtt de Kadertraining reegelméisseg matzemaachen. Dofir muss ee lizenzéiert sinn. Mir maachen eis Lizenzen fir all eis nei Spiller am Januar, wëll heeschen, dass mer dann Rendezvousen am Médico zu Iechternach ufroen.

Comité vum 09/11/2019

Comité vum 09/11/2019

präsent : Nicole, Myriam, Pit, Luc            entschëllegt : Chris, Jean-Paul 

  1.  Nei Comité Memberen

Mam Myriam Simonis huet Noumer elo ee Vertrieder am Comité vum Badminton Regioun Mëllerdall. Eng gutt Saach!

Et wier flott, wa no a no all aner Gemengen och vertruede wieren. Och aus praktesche Grënn: Da gi mer gewuer, wéini mer Artikelen fir de Gemengebuet mussen eraschécken, wéini Fester an Ähnleches an den eenzelen Gemengen organiséiert ginn, wou mer och eventuell present si kéinten, asw. Kontakter kéinten geknüpft ginn mat de Sportskommissiounen, eventuell mat Gemengevertrieder …, wat alles eisem Veräin vill weiderhëllefe géif. Sou kéinte mer dann zum Beispill beim Wibbel an Dribbel, deen Ufank September am Filano (Birkelt) vu verschiddenen Elterevereenegungen organiséiert gëtt, matmaachen. Ee Beispill vu villen. 

  1. Situatioun an den eenzelen Sportshalen

Am Resumé kann ee feststellen, dass et no den éischten 7 Wochen iwwerall gutt leeft, ausser zu Konsdref. Do ass méindes den Training fir d’Senioren ze spéit. Well mer vill Jugendlech hunn, déi nach an de Lycée ginn, war deen Training schlecht besicht, sou dass do elo just fräit Spill ass fir jiddwereen. Donneschdes huet de Kannertraining och wéineg Succès, et si maximal 4 Kanner um Training. Eng Méiglechkeet déi mer gesinn, ass e Schnuppertraining an der Lasep unzebidden an d’Kanner esou zum Badminton ze bréngen.

Um Birkelt ass nach keen Terrain agezeechent, zu Bäertref an zu Beefort nëmmen jeeweils een. Mir froen a wéi fern dat ka geännert ginn. Wann di Jonk elo no a no besser spillen, brauchen se onbedéngt méi Terrainen fir ze trainéieren.

Ab dem nächste Samschdeg ass moies zu Waldbëlleg eng méi lass. Do ass zum engen MiniBad an da KannerBad, parallel de FitBad (wou jiddwereen op sengem Niveau kann trainéieren) an op ebenfalls 3 Terrainen HobbyBad. Also profitéiert dovunner a maacht iech fit! 

  1. Cotisatiounen ufroen

Folgend Umeldungen hu mer mëttlerweil:

Ärenzdallgemeng: 6, Bäertref: 10, Beefort: 16, Fëschbech: 6, Fiels: 6, Hiefenech: 3, Konsdref: 8, Noumer: 3, Waldbëlleg: 23, aner: 5

Vu dass (hoffentlech) bis Enn dës Joers nach e puer Leit dobäistoussen, froe mer d’Gemengen eréischt Ufank Januar, op se eis ënnerstëtzen wëllen. A vermierken och, dass mer Interessi hunn un den Organisatiounen/um Veräinsliewen an hirer Gemeng deelzehuelen. 

  1. Lizenzen

Eng Rei Elteren hu gefrot, wéini hir Kanner eng Lizenz solle maachen. Vu dass um Enn vum Kalennerjoer vill Betrib ass an de Médicoen, froe mer di éischt Rendez-vousen fir Mëtt Januar un. Ech géif virschloen, dass di Jonk dat dann méiglechst all maachen, dat ass keng grouss Affär. Wann se dann eng Kéier Loscht kréien, en Turnéier matzespillen, kënnen se dat maachen. 

  1. Wëllkomm Owend

Mëttlerweil sinn eng 40 Leit ugemellt, mee vill Kanner a Jugendlech leider nach net. Fir si wier et awer interessant ze gesinn, wéi Badminton op engem héijen Niveau gespillt gëtt, si kéinten sech eng, zwou Stonnen mat allen Jonken aus de 9 Gemengen austoben a kriten eng Spaghetti offréiert.

Et kéint ënnert den Elteren gekuckt ginn, dass jiddwereen op Waldbëlleg géif kommen deen dat wëll.

D’Nicole këmmert sech em d’Iessen, de Pit em d’Gedrénks.

Comité vum 13/09/2019

präsent : Nicole, Chris, Pit, Luc

entschëllegt : Jean-Paul

1.  Organisatioun vum Grand-Prix

1. Buvette

Mir maachen 2 Schichten fir sech anzeschreiwen (Julie a Liam si scho notéiert). Vum Comité ass d‘Nicole an de Jean-Paul (?) präsent.

Iessen

* Spaghetti mat an ouni Fleesch: Mir preparéieren d’Zooss samschdes am Nomëtten an der Sportshal. Virdrun misste mer akafe goen.

* Bréidercher (Kéis, gekachten Ham, Zoossiss mat Bäilagen): D’Nicole bestellt Baguetten.

* “Kaffisstuff“: D’Member gi gefrot fir e Kuch, eng Taart oder Muffins matzebréngen.

* Gedrénks: De Pit bekëmmert sech em d’Gedrénks, d‘Bongen an d’Präislëschten. Dës Kéier huele mer zousätzlech och e Jus.

2. Büro

De Pit an den Alain maachen de Büro. De Chris gëtt ugeléiert an hëlleft.

3. Sportshal

Luc (këmmert sech em d’Arbitter, d’Bäll, d’Besetzung vun den Terrainen, …) plus Victor (Coach)

4. Kees

D’Ann mëscht d’Keess. Ofgeléist gëtt et tëscht 13:00 an 15:00 Auer vum Nicole oder Jean-Paul.

 

Akafen: Et sinn Ufank 70 Aschreiwungen fir de Grand-Prix. Mir mussen nach d’Quantitéit vun den eenzelnen Saachen festsetzen.

 

2. obligatoresch Versammlung vun der Feluba

E Méindeg, de 16. September ass eng Versammlung vun der Federatioun, wou d’Veräiner ënnert anerem d’Bichelcher ausgedeelt kréien.

Vu dass dann och den Trainingsoptakt bei eis ass,  gëtt et eventuell schwiereg do deelzehuelen, wat awer eng Geldstrof géif bedeiten.

 

3. Trainingsoptakt vum Badminton Regioun Mëllerdall

Di éischt Zäit ass et wichteg, dass mer méiglechst oft op den Trainingen sinn, fir Kontakt mat de neie Member an den Elteren opzehuelen. Mëttlerweil si 27 Leit interesséiert fir de Badminton auszeprobéieren. Si all brauche sécher verschidden Erklärungen, et muss een dovunner ausgoen, dass vill vun hinnen de Badminton als Sportaart net weider kennen.

Hei eis Präsenzen déi 1. Woch, natierlech ka roueg den een oder aneren nach zousätzlech kommen:

Méindeg, 16.9.                Birkelt                Luc, Chris

                                      Konsdref             Victor, Nicole, Pit

Dënschdeg, 17.9.            Waldbëlleg         Victor, Luc

Mëttwoch, 18.9.             Beefort               Lars, Luc

Donneschdeg, 19.9.        Bäertref              Victor, Luc

                                     Konsdref             Victor, Isabelle, Jana

                                     Birkelt                Luc, Sandy

Freideg, 20.9.                Waldbëlleg          Luc

Samschdeg, 21.9.           Waldbëlleg          Victor, Luc

Sonndeg, 22.9.               Beefort                ?

 

4.  WhatsApp Grupp fir d’Trainer

Vu dass mer zu 5 Trainer an ënnerschiddlechen Halen aktiv sinn, gëtt sech am beschten iwwer WhatsApp ofgeschwat. Natierlech gëtt et eng eenzeg Memberslëscht, déi also (besonnesch an den éischte Wochen) permanent aktualiséiert muss ginn. Hei gëtt et ee Formular fir all eis Member, egal u wat fir enger Aktivitéit se deelhuelen. All Trainer kritt Kopien dovunner.

 

5. kleng Racketten

D’Kanner fänken üblecherweis mat enger klenger Rackett un ze spillen. Sou Racketten feelen awer an de meeschte Sportshalen. Di eenzel Gemengen gi gefrot, op se där kafe kënnen. Falls net, mussen entweder déi vu Waldbëlleg matgeholl ginn, wa mer dat erlaabt kréien oder mir mussen der eng Dozent kafen. Di Waldbëlleger Racketten brauchen zum groussen Deel e neit Bändchen em de Grëff. De Pit këmmert sech drëms.

Comité vum 22/08/2019

präsent : Nicole, Chris, Luc, Pit

entschëllegt : Jean-Paul

 

1. Brochure

Fir d’Rentrée kritt all Stot an de 9 Gemengen eng Broschür mat allen Erklärungen zum neie Veräin.

Käschtepunkt: maximal 1500 Euro (Drock ca 1000, Post ca 500), virausgesat mir kréien all d’Informatiounen op 16 Säiten an d’Member hëllefen beim Ausdeelen, sou dass fir d’Post maximal d’Halschend vun de Boiten bleift.

Ausgedeelt gëtt de leschte Weekend virun der Rentrée, also de 14./15. September.

 

2. definitive Planning vun allen Trainingen

Méindeg

Konsdref

 

Trainer :

 

20:00 – 22:00

SeniorBad

Abdelilah Bellali

 

Birkelt

 

 

 

20:00 – 22:00

HobbyBad

Chris Schumacher

 

 

 

 

Dënschdeg

Waldbëlleg

 

 

 

17:00 – 18:00

MiniBad *

Abdelilah Bellali

 

18:00 – 19:00

KannerBad *

Abdelilah Bellali

 

19:00 – 21:00

SeniorBad

Abdelilah Bellali

 

18:00 – 21:00

HobbyBad

/

 

 

 

 

Mëttwoch

Beefort

 

 

 

17:00 – 18:00

MiniBad *

Lars Zander ?

 

18:00 – 19:00

KannerBad

Lars Zander ?

 

 

 

 

Donneschdeg

Bäertref

 

 

 

14:00 – 15:30

KannerBad

Abdelilah Bellali

 

Konsdref

 

 

 

17:00 – 18:30

KannerBad

Abdelilah Bellali

Donneschdeg

Birkelt

 

Trainer :

 

17:30 – 18:50

KannerBad

Luc Schmidt

 

19:00 – 20:00

FitBad

Sandy Mesen

 

 

 

 

Freideg

Waldbëlleg

 

 

 

18:00 – 19:00

KannerBad *

Luc Schmidt

 

19:00 – 21:00

FamilyBad

Member

 

 

 

 

Samschdeg

Waldbëlleg

 

 

 

15:00 – 16:00

MiniBad *

Abdelilah Bellali

 

16:00 – 17:00

KannerBad *

Abdelilah Bellali

 

17:00 – 18:00

FitBad

Abdelilah Bellali

 

18:00 – 20:00

Championnat

 

 

 

 

 

Sonndeg

Beefort

 

 

 

10:00 – 12:00

HobbyBad

/

 

     

 

3. Sponsoren

Bis elo hu mer mat der Firma Tavares, der Spuerkeess an der Fiels, Audi/VW Jonglënster 3 Sponsoren fonnt.

Mir hoffen, dass Entrapaulus nach dobäi kënnt.

 

4. T-Shirten

D’T-Shirten ginn zu Arel am Marquet S.p.r.l. gemaach. An enger Woch wäerte mer ee Modell kréien, un deem nach Klengegkeeten geännert kënne ginn. Éier dann di ronn 30 Uniformen gedréckt ginn, mussen d’Memberen an d’Hal kommen fir dass hir Gréisst gekuckt gëtt. Am Laf vun der Saison kënnen ëmmer nees T-Shirten fir eis nei Member nobestallt ginn. Een T-Shirt wäert ronn 40 Euro kaschten, d’Spiller bezuelen deen ab dëser Saison selwer. Schwaarz Boxen si nach zimlech vill am Schaaf, erlaabt ass awer och eng aner schwaarz kuerz Box oder eng schwaarz Jupe.

 

5. Grand-Prix 1

Mir hunn den 1. Grand-Prix vun der Saison an de 6. Masters zougesprach kritt. De Grand-Prix an der Waldbëlleger Hal ass den 22. September.

 

6. Trainer

Eisen Haapttrainer ass den Abdelilah Bellali, genannt Abdel. Hien kënnt mat der ganzer Famill aus Marokko op Lëtzebuerg wunnen. Hien war Nationaltrainer a sengem Land an Ambassadeur fir de Badminton an Afrika. Den Abdel ass vun der Federatioun engagéiert ginn a mir kréien hien fir 13 Stonnen Training.

 

7. Garagen

Vu dass den Dëschtennis opgehal huet, kréie mir hir Garage. Hir Dëscher a weidert Geschir wat nach do steet plënnere mer an de Beräich ënnert d’Tribüne an all eis Schief asw. kommen an déi Garage. Rendez-vous ass samschdes, den 31. August um 10 Auer moies.

 

8. Film iwwer Waldbëlleg

D‘ Jacqueline Penning (…) wëll de Film iwwer Waldbëlleg nach eng Kéier de Leit weisen, an zwar am Wanter an der Sportshal. Mir si gefrot ginn fir en Iessen ze organiséieren a wëllen dat och maachen.

 

9. Galaconcert

Di lescht Woch Januar ass keen Training an eiser Hal wéinst de Preparatiounen fir de Gala-Concert.

 

10. Médico

Den Abdel muss den 12.9. an de Médico goen, soss kënnt hien fir d’Hironn net méi op d’Ranglëscht.

 

Feluba

Documents à remettre pour la saison 2019/2020:

ATTENTION: L’inscription des équipes-jeunes est à remettre pour le 27 septe

Comité vum 21/06/2019

präsent : Nicole, Chris, Jean-Paul, Luc, Pit

 1. Porte ouverte/Grënnung ’’Badminton Regioun Mëllerdall’’ (6.7. ab 17 :00 Auer)

a) Flyer ginn un all d‘Kanner aus de 9 Gemengen (Grondschoul, Cyclen 2, 3 a 4). Spille kommen däerf awer jiddwereen, et ass gär gesinn, wann eis Member Kollegen matbréngen, egal wéi een Alter, ab 17:00 bis 21:00 Auer. Och wann se net um Turnéier matspillen, et ass genuch Plaz fir fräit Spill!

b) De Luc preparéiert Spiller fir d’Grondschoulkanner, eventuell hëlleft de Julien.

c) Schampes/Schnittercher :  D’Nicole bestellt d’Bréidercher, de Luc bekëmmert sech em dat wat drop kënnt (Kéis, Ham, Zoossiss, Botter, Tomaten). De Pit ass wéi ëmmer Chef vum Gedrénks. D’Buvette ass ab 7 Auer de ganzen Zäit op, mindestens bis 10 Auer.

d) Turnéier: Gespillt gëtt Doubel, de Partner wiesselt no all Match.

Ugemellt (Stand 22.6.2019): Karim, Charlotte, Nestor an Jeremy, Jean-Paul, Michèle D., Liam, Ben, Julie, Louis

 2. Organisatioun Grand-Prix, Masters 2019/20, entraînement cadres régionaux

Mir mellen eis fir folgend Datumer an hoffen wéinstens een Turnéier ze kréien an ee Kadertraining:

Masters 1 21/22. September 2019

Masters 2 12/13. Oktober 2019

Masters 5 14/15. Mäerz 2020

Masters 6 02/03. Mee 2020

GPJ-1 22. September 2019

GPJ-2 13. Oktober 2019

GPJ-5 Int. 15. Mäerz 2020

GPJ-5 Int. 3. Mee 2020

Dates des entraînements régionaux pour la saison 2019-2020: Samschdeg, 23/11 an 16/05

3. Quentin

De Quentin muss weens senge Studien ee Joer als Trainer aussetzen. De Frédéric Mawet sicht eise e neien Trainer, deen d’Federatioun engagéiert.

4. Sponsoring

Bis elo hu mer ausser enger Reklamm an der Broschür nach kee Sponsor fonnt. Ursaach ass awer virun allem, well déi Firmen, déi privat vun eise Member engagéiert goufen, nach net ugeschriwwe gi sinn. All Member kritt dowéinst de Bréif, däerf awer natierlech och eppes anescht aushandelen, all Ënnerstëtzung ass wichteg.

Nogefrot ginn muss nach bei Entrapaulus.

5. Transfertversammlung + Projet plus

Méindeg, 24.6.19. De Luc fiert dohinner, eventuell geet de Jean-Paul mat.

John (Feluba): Comme déjà annoncé dans le Communiqué transmis aux clubs, une version adaptée du projet sera présentée et discutée lors de la réunion des transferts en date du 24.06.2019.

En vue d’une discussion positive, les clubs sont priés de de déléguer un membre familiarisé avec le

sujet en question.

6. Generalversammlung

28.6.2019 um 21:00 Auer, also nom Training.

Ofgestëmmt gëtt ënnert anerem, wéini mer eis Matcher solle spillen, samschdes um hallwer 6 oder sonndes um 10 Auer moies.

extraordinär Versammlung : Textännerung

Art. 1 er L'association est dénommée Badminton Regioun Mëllerdall

7. Schéissendëmpel

Et hu sech bis elo gemellt fir ze hëllefen :

Elteren Jacques (samschdes, sonndes net), Jean-Paul (sonndes), Chris (sonndes)

Sandra a Nicole: eventuell falls de Syndicat vu Konsdref net matmëscht

8. Chargeverdeelung Comité

a. President (gmail, site, facebook, instagram)           : Luc (bis sech e Politiker aus enger Gemeng fënnt)

b. Sekretär (Ekippen, Spiller, Trainer)                          : Chris

c. Tresorier                                                                     : Pit       

d. Hëllefssekretär (Feluba)                                            : Luc

e. Hëllefssekretär (9 Gemengen)                                  : Luc

f. Member (Lizenzen)                                                     : Nicole

g. Member (an der Léier)                                              : Jean-Paul

Documents à remettre pour la saison 2019/2020:

Les clubs sont priés de remettre les documents et renseignements suivants au secrétariat pour le 22 juillet 2019 : Inscription des équipes-seniors et Listes des classements internes

ATTENTION: L’inscription des équipes-jeunes est à remettre pour le 27 septembre 2019

Listes séparées avec indication des Numéros de licence pour:

Licences à renouveler, Licences à annuler, Licences à changer (C/T/D/H)

Licences transferts

Comité vum 21/05/2019

präsent : Nicole, Chris, Luc, Pit

 

Millefest

bis elo sinn ugemellt :

samschdes (opriichten): Jemp, Pit, Chris

sonndes 1. Schicht: Chris, Ann, Pascale, Pit, Jacqueline, Philippe,

sonndes 2. Schicht: Nicole, Jean-Paul, Pit, Jacqueline, Philippe, Julie

Fir eng ganz Tâche ze hunn, feelen also nach e puer Leit.

ofgemellt: Famill De Boer, Wagner, Sandy, Luc, Mark Munkler

 

Schéissendëmpel

Elteren Jacques (samschdes, sonndes net), Jean-Paul Speidel

Sandra, Nicole: eventuell falls de Syndicat vu Konsdref näischt mëscht

Ab 11 Auer besetze mer den Zalotestand.

Enn Juni gëtt e Rappel geschéckt.

 

Sponsoren

Brochuren a Bréiwer fir d‘Sponsoren: mindestens 150 gi gebraucht

Elo mussen d’Adressen fir op d’Enveloppe geschriwwe ginn. Dofir muss dat gutt aalt Telefonsbuch genotzt ginn, well et keng aner eis bekannten Method gëtt.

 

Tariffer fir d’Saison 2019/20

Kanner Caliméro a Mini-Bad (bis 8 Joer): 50 €

Kanner (9 bis 12 Joer): 70 €

Jugendlech (13 bis 18 Joer): 90 €

Seniorspiller: 120 €

Hobbyspiller: 75 €

FitBad : 50 €

55plus : 50 €

 

Numm um Enregistrement du Commerce et Enregistrement änneren

-> Dépôt des statuts et modifications de statuts au RCS

De Pit ännert de Numm an d‘Comitémember.

 

sozial Medien : Site, Gmail, Facebook, Instagram, …

Site a Gmail sinn aktualiséiert, Facebook an Instagram bleiwen ze maachen.

 

9 Gemengen

Ärenzdall: war am Gemengerot, Start mat Trainingen am September 2020 op 9 Terrainen zu Miedernach

Bäerdref: war am Schäfferot, Kannertraining (1 ½  Stonn) donneschdes op 2 Terrainen a sonndes moies fräit Spill (2 Stonnen) an enger grousser Sportshal

Beefort: war beim Buergermeeschter, Kannertraining (2 Stonnen) mëttwochs op engem Terrain an enger klenger Hal

Fëschbech, Fiels, Noumer: war bei der Fielsser Buergermeeschtesch, Training läit nach net fest op 4 Terrainen an enger grousser Hal, Versammlung mat alle Veräiner aus den 3 Gemengen Fëschbech, Noumer, Fiels de 27. Juni

Hiefenech: war am Schäfferot, eventuell Kannertraining op gepechten Terrainen

Konsdref: war am Schäfferot, Training (4 Stonnen) freides op 4 Terrainen

Waldbëlleg: Training dënschdes (4 Stonnen), freides fräit Spill (2 Stonnen) a samschdes moies (3 Stonnen). Samschdes am Nomëtteg/fréien Owend oder sonndes moies kënnen d’Matcher gespillt ginn.

 

Generalversammlung vum fréiere Veräin

Datum: 28/06

 

Grënnung vum neie Veräin

Datum: 6. Juli 2019

Programm: Kanner Porte ouverte mat Spill a Spaass, 19 :00 Patt a Schnittercher fir di 9 Gemengen, eventuell e Show-Match, 19:30 – 21:30 Turnéier fir Senioren, lizenzéiert an Hobbyspiller  (Waldbëlleg, Rouspert, Préizerdaul, Aris?), duerno Patt a Schnittercher

Flyer an de 9 Schoulen ausdeelen, sou dass d’Kanner virunn der grousser Vakanz wëssen, dass ab September e neie Veräin Badminton ubitt. Si kënnen de 6. Juli sech e Bild maache kommen vun dësem Sport.

 

Kadertraining

Datum: 15. Juni (samschdes)

Comité vum 04/04/2019

präsent : Nicole, Chris, Pit, Luc

Planning "Badmionton Regioun Mëllerdall"

Zu Waldbëlleg weider probéiert iwwer Flyer an iwwert eng Zesummenaarbecht mat der Maison Relais nach méii Kanner ze rekrutéieren.

Lo am Abrëll an am Mee sollten di definitiv Schrëtt geholl ginn, fir de grousse Veräin an der Regioun Mëllerdall op d’Been ze setzen (Rendezvous op de Gemengen, Plagen fir Trainingen ufroen, Brochuren drécken a potentiell Sponsoren kontaktéieren).

Ausgaben pro Woch:

Minimum: 235 Euro, Maximum: 385 Euro (wann an all Gemeng Kannertraining ass)

De Quentin bleift den 1. Trainer. Hien mëscht d’Trainingsprogrammer. Di aner Trainer sinn (eventuell) Spillertrainer. Kontakt gëtt mam Directeur technique Frédéric Mawet vun der Federatioun opgeholl.

An all Gemeng heescht et Kontakter opzebauen:

* Kontakt Maison Relais

* Kontakt Schoul

* Kontakt Gemeng

Idealerweis fënnt sech ee Member aus der jeeweileger Gemeng, fir déi Charge ze iwwerhuelen oder zumindest matzehëllefen.

 lizenzéiert Spiller fir di nächst Saison (Stand 4/4/2019)

1             BECKENE PIT (VETERAN)

2             WENNER ALAIN (VETERAN)

3             MOYEN DANIEL (VETERAN)

4             BINTENER NICOLE (VETERAN)

5             MESEN SANDY (VETERAN)

6             DE BOER Ricky (SENIOR)

7             SCHUMACHER Christophe (SENIOR)

8             GREISCHER TUN (SENIOR)

9             HAVE MICHÈLE (SENIOR)

10          WENNER JEREMY (JUNIOR)

11          BERENS GARY (JUNIOR)

12          WAGNER ISABELLE (JUNIOR)

13          VAN LUIJK JANA (JUNIOR)

14          SCHMIDT LIAM (CADET)

15          WINANDY JANG (CADET)

16          DE BOER BEN (CADET)

17          DUSCHANG MICHÈLE (CADET)

18          MOYEN JULIE (CADET)

19          MOYEN LOUIS (SCOLAIRE)

20          ZEPP Ella (SCOLAIRE)

21          TIBESART JACQUES (MINIMES)

22          MEHLEN CHARLOTTE (MINIMES)

23          WAGNER SANDRA (MINIME)

24          ZEPP LOU (MINIME)

 

Comité vum 21/03/2019

präsent : Nicole, Pit, Luc

entschëllegt : Sandy, Chris

Planning "Badminton Regioun Mëllerdall"

6 Gemengen hunn zougesot. Et feelt weiderhin di definitiv Zouso vu Beefort.

No der Ouschtervakanz soll eng 1. Versioun vun der Brochür fäerdeg sinn. Unhand vun dëser, déi all Infoen zum neie Veräin enthält an engem ausféierleche Bréif (däitsch a franséisch) kënne mer eis dann all op Sponsorsich maachen. All Member soll wa méiglech kucken, wéi eng Entreprisen hien kennt an déi dann uschwätzen.

Comité vum 22/02/2019

präsent : Nicole, Sandy, Chris, Pit, Luc

Planning "Badminton Regioun Mëllerdall"

Fest zougesot hu bis elo Konsdref, Ärenzdall an Hiefenech, sou dass mer sécher ab September zu 4 Gemengen sinn. Normalerweis kommen d’Fiels, Bäerdref a Beefort nach dobäi.

D’Broschür fir op Sponsorsich ze goen gëtt Enn Mäerz fäerdeg gemaach an de Bréif gëtt iwwerschafft. Et muss nach gekuckt ginn, wien eis di Broschür wäert drécken. Ab Abrëll heescht et dann Sponsoren fannen, déi dann an déi 2. Versioun vun der Broschür, déi un d’Leit geet, drakommen. All Member ass gefrot matzemaachen.

 Chargenverdeelung am Comité

President: / (mir waarden nach of, op mer keen Gemengepolitiker aus enger anerer Gemeng fannen)

Tresorier: Pit

Sekretär: Luc

Hëllefsekretärin: Sandy

Lizenzen: Nicole

Jonk: Chris

Atelier Badminton an der Maison Relais zu Waldbëlleg

De 19. Mäerz ass den éischten Atelier an uschléissend och jeeweils den 3. Dënschdeg am Mount. De Quentin ass informéiert. Sollt hien net kënne kommen, gëtt de Julien gefrot. Den Atelier fänkt um 15:00 Auer un an dauert maximal bis 16:30 Auer.

D’Kanner aus der Maison Relais kréien ee Flyer, deen se motivéiere soll, sech fir den Atelier Badminton anzeschreiwen. De Chris kann zousätzlech Informatiounen ginn.